Fitness & Yoga

Firwat

Personaltraining?

D’Gesondheet déngt als Basis, déi et eis erlaabt, den Alldag ze meeschteren an esou vill ewéi méiglech vun eiser Existenz ze profitéieren. E Personaltrainer erstellt en Trainingsplang, deen op déi perséinlech Bedürfnisser zougeschnidden ass an et erméiglecht, déi individuell Ziler effizient ze erreechen. Niewent de klasseche Methoden, wéi zum Beispill den Hanteltraining léiert dir, e breede Spektrum vu modernen Trainingsmethode kennen, wéi TRX-Training, HIIT, asw.
Mäin Zil ass et, Iech als Client ze motivéieren an zesummen eng stabil Basis opzebauen, déi et Iech erméiglecht, Äre Kierper selbststänneg weider fërderen an trainéieren ze kennen.

D’Servicer, déi ech ubidden

  • Begleedung fir Äert Optimalgewiicht ze erreechen

  • Kraafttraining fir de Muskelopbau

  • Ausdauertraining

  • allgemenge Fitnesszoustand verbesseren oder erhalen

  • Faszientraining

  • Stretching fir méi Flexibilitéit

  • Laftraining

  • op är Bedürfnisser ugepassten Trainingsplang
  • Fitness fir Senioren

  • Functional Training: Verletzungspreventioun duerch Gläichgewiichts- a Kraafttraining

  • Ofwiesslungsräichen Trainingsprogramm (TRX, Kettlebell, Therabänner, asw.)

  • Eng Basis schafen, op där Dir an Zukunft selbstänneg kënnt opbauen

  • héich Flexibilitéit, wat Trainingszäiten a -frequenz ubelaangt

  • Eenzeltraining Yoga

  • Motivatioun duerch Mentaltraining

  • Gruppen-Training  (Firmen, Altersheemer, sozial Institutiounen etc – Präis op Ufro)

  • gratist an onverbindlecht éischt Berodungsgespréich

KONTAKT

Iwwer

mech

Mäin Numm ass Tom De Bondt an ech sinn 1979 gebuer. Virun 15 Joer hunn ech mat Laafen, Fitnesstraining a Yoga ugefaangen, Disziplinnen, déi zanterhier eng wichteg Roll a mengem Alldag spillen. Dofir hunn ech mech nieft dem prakteschen Training och na vill mam theoreteschen Deel auserneegesat. Dëst Wëssen hunn ech nach zousätzlech duerch e Fernstudium mat Deelpresenz bei der Apollon Akademie verdéift, wou ech eng Ausbildung zum zertifiéierte Fitnesstrainer (A-Lizenz Medical Fitness/Personal Training) gemaach hunn. Am Beräich vum Yoga hun ech eng 200h Yoga Teacher Lizenz. Doniewt hun ech na eng Ausbildung als zertifizéierte Laftrainer an Sportmentaltrainer ofgeschloss.

Tariffer

Meng Tariffer beinhalte Folgendes

Eenzeltraining (och als Duo méiglech) bei Iech doheem, bei mir doheem (am equipéierte Studio) oder dobaussen

Trainingsplang, deen op Äert Zil ausgeschafft gëtt an op Wonsch och esou erstallt ka ginn, datt Dir eleng kënnt trainéieren

Berodung och baussent den Trainingszäiten

Tarif pro Eenheet:

45 €

ouni Deplacement oder eng Distanz < 10 km
Abonnement 10 Eenheeten:

400 €

60 €

mat Deplacement / Distanz > 10 km
Abonnement 10 Eenheeten:

550 €

Eng Eenheet besteet aus mindestens 1 Stonn bis zu 1 ½ Stonn, ofhängeg vun der Trainingsmethod.

Maach den

1. Schrëtt

Ech freeë mech op däi Kontakt

10, Hauptstrooss
L-9753 Heinerscheid
Whatsapp:
+352 691 688 693
© 2023 YOUR BEST LIFE – ImpressumDatenschutz
Wir Grafik Webseiten Druck Logos Branding Broschüren Konzepte Aussenwerbung Visitenkarten Instagram Stellenanzeigen Digital Marketing SEO Flyer Gutscheine Social Media Visitenkarten Corporate Design Beschriftungen SEA Facebook Anzeigen